US OpenOut fir d'Naomi Osaka an de Stefanos Tsitsipas

RTL Lëtzebuerg
D'Titelverdeedegerin huet sech géint d'Leylah Fernandez misse geschloe ginn. Den Tsitsipas war dem Carlos Alcaraz ënnerleeën.
D'Naomi Osaka bei de US Open am Asaz.
D’Naomi Osaka bei de US Open am Asaz.
© AFP

Am Tennis ass bei den US Open zu New York fir zwee Favoritten an der drëtter Ronn scho Schluss. Bei den Hären huet déi griichesch Nummer 3 an der Weltranglëscht Stefanos Tsitsipas an engem serréierte Match (3:6, 6:4, 6:7 (2:7), 6:0 a 6:7 (5:7)) géint de Spuenier Carlos Alcaraz de Kierzere gezunn.

Bei den Dammen huet sech d’Naomi Osaka géint déi 18 Joer jonk Leylah Fernandez aus Kanada misse geschloe ginn. D’Titelverdeedegerin huet an 3 Sätz mat 7:5, 6:7 (2:7) a 4:6 verluer. D’Osaka huet kuerz drop annoncéiert, sech op onbestëmmten Zäit aus dem Sport zeréckzezéien.

Back to Top
CIM LOGO