
Um Enn stoung et 6:3 a 6:1 fir den op Nummer 1 gesaten Duo.
An der Finall am Simple kënnt et zu engem Schwäizer Duell tëscht dem Patrick Schoen an dem Alexander Orlov.
Bei den Damme gëtt et am Dubbel eng Victoire fir d’Lea Bathellier an d’Lou Baudouin aus Frankräich, dëst no enger spannender Finall géint d’Rebeka Kern an d’Sarah Mueller aus Däitschland. D’Schlussresultat war 6:3, 3:6 an 10:4.

D’Rebeka Kern steet och am Simpel an der Finall a kritt et do mam Marte Lambrecht aus der Belsch ze dinn.