Verspéit Éierung am Kader vum WeltfraendagPatrizia Van der Weken an Ni Xia Lian kruten "hir Stroosseschëlder" iwwerreecht

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie goufen d'Patrizia Van der Weken an d'Ni Xia Lian zu Ettelbréck empfaangen.
© Ville d’Ettelbruck

Dat am Kader vun der Campagne “Les rues au féminin”, déi fir de Weltfraendag den 8. Mäerz lancéiert gouf. D’Gemeng Ettelbréck hat an deem Kontext Stroosseschëlder mat den Nimm vu béiden Athletinnen an der Haaptstrooss opgehaangen.

Béid Sportlerinne waren um Weltfraendag selwer op Competitiounen am Ausland. D’Patrizia Van der Weken war deen Ament jo op der Liichtathletik-Indoor-Europameeschterschaft zu Appeldoorn an Holland am Asaz, wou si d’Bronzemedail iwwer 60 Meter gewonnen huet.

D’Ettelbrécker Gemeng huet op Nofro hi confirméiert, dass béid Sportlerinnen dann en Donneschdegmoie vum Buergermeeschter vun der Gemeng Ettelbréck, dem Bob Steichen, de Membere vun der Commission des relations humaines et de l’égalité des chances a vu Vertrieder vum Liichtathletikveräin CAPA a vun der Dëschtennisfederatioun empfaange gi sinn, a Kopië vun de Schëlder mat hiren Nimm iwwerreecht kruten.

© Ville d’Ettelbruck

Back to Top
CIM LOGO