World AthleticsPatrizia van der Weken gëtt 6. bei de 60 Meter

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg war den Indoor Meeting vun de World Athletics zu Torun a Polen.
© Roland Miny pressphoto (Archiv)

An hirem éischte Laf konnt sech déi jonk Lëtzebuergerin déi 3. Plaz sécheren, dat mat enger Zäit vu 7 Sekonnen an 30 Honnertstel iwwer 60 Meter an domadder huet sech d’Patricia van der Weeken och fir d’Finall qualifizéiert. An dësem Laf war si 0,01 Sekonn méi lues, wéi an hirem éischte Laf a konnt sech déi 6. Plaz sécheren.

D’Victoire war fir d’Ewa Swoboda aus Polen, déi d’Streck an 7:03 gelaf ass. 0,01 Sekonn méi lues war d’Jamaikanerin Elain Thompson-Herah an déi drëtte Plaz goung un eng weider Polin, d’Pia Skrzyszowska.

Back to Top
CIM LOGO