Liichtathletik: Franséischt ChampionnatPatrizia Van der Weken mat staarker Leeschtung

RTL Lëtzebuerg
Zu St. Etienne ass d'Lëtzebuergerin an der Finall iwwer 100 Meter mat 11 Sekonnen a 70 Honnertstel déi 6. ginn.
© FLA / Facebook

An der Liichtathletik ass d’Patrizia Van der Weken beim franséische Championnat zu St. Etienne an der Finall iwwer 100 Meter mat 11 Sekonnen a 70 Honnertstel déi 6. ginn. D’Lëtzebuergerin bleift e Samschdeg den Owend 18 Honnertstel iwwert hirem Lëtzebuerger Rekord.

An der Halleffinall konnt sech d’Lëtzebuergerin an enger Zäit vun 11,86 Sekonnen fir d’Finall qualifizéieren.

An de Virleef hat d’Patrizia Van der Weken eng ganz staark Leeschtung gewisen a mat 11,57 Sekonnen déi 2. bëscht Zäit realiséieren. A war domadder just 5 Honnertstel iwwert hirem eegene Rekord bliwwen.

D’Noémie Pleimling ass op déi 4. Plaz am Speerwerfen komm mat engem Essai iwwer 53 Meter 56.

Back to Top
CIM LOGO