Liichtathletik: Indoor-WMPatrizia van der Weken verpasst 60m-Finall a gëtt 21.

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin war an de Virleef een neie Lëtzebuerger Rekord gelaf an hat sech domadder fir d'Halleffinalle qualifizéiert.
60m: 21. Plaz fir d'Patrizia van der Weken op der Indoor-WM
D’Lëtzebuergerin hat sech mat engem neie Lëtzebuerger Rekord fir d’Halleffinalle qualifizéiert, do war e Freideg den Owend awer Schluss.

E Freideg huet zu Belgrad a Serbien an der Liichtathletik d’Indoor-WM ugefaangen. Duerch d’Patrizia van der Weken gouf et direkt e gudden Optakt fir d’Lëtzebuerger Delegatioun.

Iwwer 60 Meter ass d’Patrizia van der Weken an de Virleef een neie Lëtzebuerger Rekord gelaf an huet sech fir d’Halleffinalle qualifizéiert. An dësen ass d’Lëtzebuergerin e Freideg den Owend eng Zäit vu 7 Sekonnen an 28 Honnertstel gelaf. Domadder verpasst d’Lëtzebuergerin d’Finall a gëtt déi 21.

An de Virleef hat d’Patrizia van der Weken hiren eegene Lëtzebuerger Rekord ëm 4 Honnertstel op 7 Sekonnen an 21 Honnertstel verbessert.

Mam Bob Bertemes (Bommstoussen) an dem Charel Grethen (1500 Meter) sinn zwee weider Lëtzebuerger bei der Indoor-WM mat dobäi.

E Samschdeg um 12.15 Auer sinn d’Virleef iwwer 1500 Meter. Déi 2 Éischt an déi 4 Séierst kommen an d’Finall, déi e Sonndeg den Owend um 18.35 Auer gelaf gëtt.

D’Finall am Bommstoussen ass e Samschdeg den Owend um 19.25 Auer. De Bob Bertemes ass den 20. am World Ranking.

Déi dräi Lëtzebuerger am Virfeld vun der WM am Interview

D'Patrizia van der Weken am Interview
...
De Bob Bertemes am RTL-Interview
....
De Charel Grethen am RTL-Interview
....

Back to Top
CIM LOGO