
An der Liichtathletik huet d’Patrizia van der Weken bei engem Meeting zu Weinheim an Däitschland e Samschdeg den nationale Rekord iwwer 100 Meter ëm 6 Honnertstel verpasst. D’Lëtzebuergerin ass an der B-Finall mat enger Zäit vun 11 Sekonnen a 65 Honnertstel déi Zweet ginn.
E Samschdeg war am Para-Athletismus den Tom Habscheid beim Grand Prix zu Nottwil an der Schwäiz am Asaz. Fir de Lëtzebuerger ass bei sengem éischten Asaz dës Saison am Bommstoussen mat 14 Meter a 5 Zentimeter déi 4. Plaz. erausgesprongen.