Luxembourg Ladies Tennis MastersPetkovic an Hingis stinn an der Halleffinall

RTL Lëtzebuerg
Déi éischt zwou Partië vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters goufen en Donneschdeg gespillt.

An der éischter Partie konnt Martina Hingis kloer an zwee Sätz (6:3 a 6:2) géint d’Laura Robson duerchsetzen.

Den zweete Match tëscht der Magdalena Rybarikova an der Andrea Petkovic gouf do méi interessant. D’Slowakin konnt den éischte Saz mat 6:4 fir sech entscheeden, dono awer huet d’Petkovic si beim 5:5 gebreakt a konnt sech den zweete Saz mat 7:5 sécheren. Den Tie-Break konnt sech d’Spillerin aus Däitschland mat 10:7 sécheren an esou och dëse Match gewannen.

All d’Fotogalerië vun de Ladies Tennis Masters fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO