
Bei der Junior-WM am Powerlifting op Malta verbessert de Philippe Parage an der Kategorie + 120 Kilogramm eng Rei national Rekorder a gëtt um Enn de 4..
An der Kniebeug huet hien 345 Kilogramm gepackt, wat en neien nationale Rekord ass.
Am Bänkdrécken huet hien 205 Kilogramm gepackt, och dat ass en neie Lëtzebuerger Rekord.
Beim Kräizhiewen huet hien am drëtte Versuch 290 Kilogramm gepackt.
De Philippe Parage huet de Rekord am Total op 840 Kilogramm verbessert, dëst ass eng Steigerung vun 22,5 Kilogramm.
