VolleyballPompiliu Dascalu iwwerhëlt Hären-Nationalekipp

RTL Lëtzebuerg
D'FLVB huet endlech en neien Trainer fir d'Hären-Nationalekipp fonnt. Den Dieter Scholl hat jo ugekënnegt, sech als Nationaltrainer zeréckzezéien.
© FLVB

Bannent kuerzer Zäit goufen et eng 12 Kandidaturen, dat d’Potential vun der Ekipp ënnersträicht. Schlussendlech huet d’Volleyball-Federatioun sech fir de Pompiliu Dascalu entscheet. De gebiertege Rumän mat franséischem Pass ass d’lescht Saison op Lëtzebuerg komm, fir d’Dammenekipp vu Stengefort ze iwwerhuelen. Do virdrun war hien 9 Joer laang Trainer bei Terville-Florange. Den Dascalu huet och Erfarung als Hären-Trainer, hien huet nämlech 5 Joer laang d’Häre vum VB Chaumont Haute Marne trainéiert.

Als Spiller huet den Dascalu 250 Mol fir d’rumänesch Nationalekipp gespillt an huet 1996 mat Poitevin d’Coupe de France gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO