"Jidderee spillt seng Roll bis de leschte Spilldag, fir datt dat propper iwwert d'Bün geet"President vum Swift Hesper reagéiert op Diskussioun ëm UEFA-Lizenz

Franky Hippert
Et gesäit jo duerno aus, wéi wann am Futtball, Hesper, d'UEFA-Lizenz fir d'nächst Saison, en zweet Joer hannerteneen, net géif kréien.
© RTL

Ganz offiziell ass dat awer nach net, well elo d’Dossieren, fir déi Lizenz ze kréien, fir d’éischt hei zu Lëtzebuerg nach vun engem onofhängege Gremium mussen analyséiert ginn. Dat ass och de Grond, firwat ee sech bei der Lëtzebuerger Futtballfederatioun à ce stade nach net zu deem ganzen Dossier Hesper wëll äusseren.

De Swift dierft deemno nees keng Coupe d’Europe spillen, och wann d’Ekipp vum Holleschbierg de Championnat op enger europäescher Plaz géif ofschléissen. De President vun Hesper, Fernand Laroche geet awer dovun aus, datt op sportlechem Plang, d’Spiller déi um Terrain stinn, bis zum Schluss alles ginn:

“Et huet sech jo awer recht schnell ronderëm geschwat an et huet och kee Wäert, fir doraus e Geheimnis ze maachen. Ech mengen et ass e Fait, a mat deem Fait do musse mer liewen. An ech mengen, déi Spiller, déi kucken awer och dat Sportlecht, an ech denke jiddwereen ass et bereet hei, bis dee leschte Match hei säi Rôle ze spillen, an dass dat propper iwwert d’ Bün geet.”

De Fernand Laroche iwwer d’Situatioun um Swift

Hesper steet am Moment op der drëtter Plaz vum Championnat, wat am Normalfall eng europäesch Participatioun géif bedeiten. Wann awer bis offiziell ass, datt de Swift d’UEFA-Lizenz net géif kréien, da fält d’Plaz fir d’europäesch Bün un déi nächst Ekipp an der Tabell, déi d’UEFA-Lizenz krut. Um 24. Spilldag ass Hesper beim Racing op Besuch. Als Sechsten an mat just 3 Punkte Retard op de Véierten Nidderkuer, hunn déi Stater och nach Ambitiounen, fir d’nächst Saison Conference-League-Qualifikatioun ze spillen.

Back to Top
CIM LOGO