
Dës Woch sinn déi zwou Schwëstere vum HB Diddeleng, d’Kim an d’Joy Wirtz, Invitéeën am Podcast Drëtt Hallschent.
Am nationalen Handball geet et an d’Schlussphas vum Championnat. Bei den Häre war de Weekend Paus, well déi Lëtzebuerger Nationalekipp an der EM-Qualifikatioun am Asaz war. Bei den Damme gëtt de Championstitel fir déi Kéier nom Titel-Playoff an enger Halleffinall- a Finalronn decidéiert. Zanter leschtem Donneschdeg stinn déi béid Finaliste fest. Am Best-Of-Three-Modus kritt et de frësch gebakene Coupe-Gewënner Diddeleng mam HB Käerjeng ze dinn.
An der Halleffinall konnt sech den HB Diddeleng souverän an zwee Matcher géint den Handball Esch behaapten. An der Finall vum Championnat kënnt et zum Remake vun der Coupe-Finall vu viru ronn zwou Wochen. Den HB Käerjeng konnt sech an zwou enke Partië géint d’Red Boys Déifferdeng duerchsetzen. Och d’Coupe-Finall war bis zum Schluss ganz serréiert. Um Enn konnten déi Diddelenger ronderëm déi zwou Wirtz-Schwëstere Kim an Joy d’Finall 20:19 fir sech decidéieren. “Mir hunn e gudde Mix tëscht jonk an al. (...) Dat mécht ee groussen Deel vun eiser Ekipp aus”, esou d’Joy Wirtz.
Déi zwou Schwëstere spille scho laang an enger Ekipp zesummen. Zanter Ufank 2024 ass de Mann vum Joy Wirtz an de Papp vun hirem Bouf, de Mikel Molitor, Trainer vun den HBD-Dammen. Eng speziell Constellatioun; trotzdeem kréien déi Dräi dat Privat vum Sportleche gutt getrennt. “Am Ufank war d’Ekipp e bësse skeptesch, mee mir hänken net unenee wéi 14 Joer jonk Teenager, déi frësch verléift sinn. (...) Bis elo krute mir dat gutt getrennt a si relativ professionell dodran.”, erkläert d’Joy Wirtz.
Mat 32 Joer wäert d’Kim Wirtz net méi fir d’FLH-Selektioun oplafen. Eng méi schwéier Recuperatioun no deenen internationale Matcher a perséinlech Grënn hunn d’Spillerin vum HB Diddeleng zu dëser Decisioun bruecht. D’Joy Wirtz dogéint wëll an Zukunft rëm nees richteg an der Nationalekipp urappen.