Internationale FuttballPSG wënnt auswäerts géint Stroossbuerg, BVB just 0:0 géint Heidenheim

RTL Lëtzebuerg
D'Serie vu Borussia Dortmund gouf gestoppt a Paris Saint Germain ka seng Tabelleféierung an der Ligue 1 festegen.

Bundesliga

Heidenheim - Dortmund 0:0

Den Tabellevéierten aus der Bundesliga war op Besuch beim Tabellennéngten. Mat 3 Victoiren no der Wanterpaus war de BVB als klore Favorit an dëse Match gaangen, ma si hu sech schwéier gedoen. Heidenheim hat déi méi kloer Golchancen, och wann Dortmund kuerz Zäit no engem Gol vum Malen mat 1:0 a Féierung gaangen ass. Dee Gol gouf awer wéinst enger Abseitspositioun annuléiert, nodeems de VAR ageschalt gouf.

Um Enn hat Heidenheim an der Nospillzäit souguer nach eng riseg Chance fir duerch e Kappball vum Schimmer de Match ze gewannen, ma de Ball ass knapps laanscht de Potto gerullt. Deemno ass de Match mat engem 0:0 op en Enn gaangen an Dortmund verpasst de Sprong op Plaz 3 vun der Tabell.

Ligue 1

Racing Stroossbuerg - Paris St. Germain 1:2

De PSG hat 5 Matcher hannertenee gewonnen, éier se géint Brest um leschte Spilldag just 2:2 gläichgespillt hunn. Trotzdeem steet Paräis kloer un der Tabellespëtzt vun der Ligue 1. Stroossbuerg läit mat 25 Punkten op Plaz 10. Et huet eng hallef Stonn gedauert, bis de Kylian Mbappé de Score opgemaach huet, zu Gonschte vum PSG, woubäi en awer schonn an der 6. Minutt d’Geleeënheet dozou hat. Deen Eelefmeter huet de Star vum PSG awer verschoss.

Nom Pausentéi huet den Asensio an der 49. Minutt den 2:0 fir Paräis geschoss. Et hätt ee kënne mengen et wier d’Virentscheedung, ma do hate se d’Rechnung ouni Stroossbuerg gemaach. An der 68. Minutt huet de Bakwa nämlech op 2:1 verkierzt. Et goufen nach 6 Minutten nogespillt, ma um Score sollt sech näischt méi änneren. Domat kann de PSG seng Leaderpositioun an der Tabell festegen.

Back to Top
CIM LOGO