NFLQuarterback Aaron Rodgers ënnerschreift Mega-Deal fir déi nächst 4 Joer

RTL Lëtzebuerg
Den 38 Joer ale Star-Quarterback vun de Packers bleift fir weider 4 Joer zu Greenbay. Eng nei Stad gëtt et dogéint wuel fir de Russel Wilson.
© AFP

Wéi den NFL-Insider Ian Rapoport schreift, géif de Rodgers iwwert déi nächst 4 Saisonen 200 Milliounen US-Dollar verdéngen, dovunner 153 Millioune garantéiert. Domadder läit de Rodgers, wat d’Paie op d’Joer gekuckt ugeet, um selwechte Level, wéi de Star-Quarterback vun den Chiefs Patrick Mahomes. Ma déi Milliounen, déi him garantéiert sinn, leien beim 38 Joer ale Rodgers méi héich. Bis ewell huet den Aaron Rodgers a senge 17 Joer bei de Packers ronn 264 Millioune eleng duerch d’Footballspille verdéngt.

Den neie Kontrakt vum MVP vun dëser Saison, ëmmerhin hat hien 37 Touchdowns bei 4.115 Yards a just véier Interceptions, gëllt als de gréisste Vertrag vun allen Zäiten am US-Sport.

© AFP

Eng grouss Iwwerraschung dogéint kënnt vun de Seahawks, déi hire Quarterback Russell Wilson op Denver bei d’Broncos goe loossen. An d’Ekipp aus Seattle huet sech hire Star gutt bezuele gelooss. Si ginn de Wilson an e Pick aus der véierter Ronn vum Draft of, kréien am Géigenzuch awer zwee Picks aus der éischter Ronn, zwee aus der zweeter, een aus der Fënnefter an de Quarterback Drew Lock, den Tight End Noah Fant an den Defensive Tackle Shalby Harris. Offiziell gëtt dësen Trade awer eréischt fréistens de 16. Mäerz, wann offiziell dat neit Liga-Joer an der NFL ufänkt.

Back to Top
CIM LOGO