BiathlonQuentin Fillon Maillet séchert sech d’Victoire am Sprint

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg war bei den Hären a bei den Dammen de Sprint zu Kontiolahti a Finnland.
© AFP

Bei den Häre konnt sech de Fransous Quention Fillon Maillet mat enger Zäit vun 23:21,00 Minutten déi éischte Plaz sécheren. Zweeten ass den Norweger Filip Fjeld Andersen ginn, dat mat engem Retard vun 18 Sekonnen an 30 Honnertstel. Komplettéiert gëtt de Podium vum Däitsche Johannes Kühn, hien hat e Retard vun 29 Sekonnen a 70 Honnertstel op de Fillon Maillet.

Bei den Damme war et iwwerdeems d’Denise Herrmann aus Däitschland, déi hir staark Form confirméiere konnt an hiren aachte Weltcup-Succès feieren däerf. Mat enger Zäit vun 20:08,60 Minutten war si um Enn 5 Sekonne méi séier wéi d’Norwegerin Tiril Eckhoff. Op der drëtter Plaz läit d’Schwedin Stina Nilsson mat engem Retard vu 5,20 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO