De Ruben Querinjean steet op der Liichtathletik-WM zu Tokio an der Finall iwwer 3.000 Meter Steeple. De Lëtzebuerger ass e Samschdeg de Moien no engem couragéierten Optrëtt am drëtten a leschte Virlaf dee Véierte ginn. Déi éischt fënnef Leefer hu sech fir d’Finall qualifizéiert. De Lëtzebuerger war déi ganz Course iwwer an den éischte Positiounen ze fannen an ass e Chrono vun 8 Minutten, 29 Sekonnen an 42 Honnertstel gelaf.
D’Finall iwwer 3.000 Meter Steeple gëtt de 15. September um 14.55 Auer Lëtzebuerger Zäit gelaf.
Out fir d’Patrizia van der Weken an den 100m-Virleef
D’Patrizia van der Weken huet d’Halleffinallen iwwer 100 Meter verpasst. D’Lëtzebuergerin, déi dës Saison mat gesondheetleche Problemer ze kämpfen hat, ass an der siwenter a leschter Serie, déi mat Leeferinne wéi Marie-Josée Ta Lou-Smith a Shelly-Ann Fraser-Pryce staark besat war, déi Véiert ginn. D’Auer ass fir d’van der Weken no 11,29 Sekonne stoe bliwwen. Domadder konnt si net un hir séierst Zäiten (ë.a. 11,05 Sekonnen) aus dëser Saison uknäppen.
Nëmmen déi dräi Bescht aus all Virlaf an déi dräi Zäitschnellst sinn eng Ronn weider komm. Iwwer d’Zäit wier e Chrono vun 11,18 Sekonnen néideg gewiescht. Um Enn ass et déi 29. Plaz ënner 60 Athleetinnen.
Den Interview mam Patrizia van der Weken no der Course fannt Dir hei am Artikel.

Vera Bertemes knapp laanscht Lëtzebuerger Rekord
Als lescht FLA-Athleetin um Samschdeg war d’Vera Bertemes iwwer 1500 Meter am Asaz. No enger gudder Course ass si am véierten a leschte Virlaf déi 9. ginn. Mat enger Zäit vu 4 Minutten, 6 Sekonnen an 11 Honnertstel huet si hiren nationale Rekord aus dem Juli ëm nëmme ronn eng hallef Sekonn verpasst (4:05.58). Fir déi nächst Ronn ass et awer net duergaangen. Déi sechs Bescht aus all Serie hunn et an d’Halleffinalle gepackt.
Fir d’Vera Bertemes ass et um Enn déi 25. Plaz ënner 57 Konkurrentinnen.

Ruben Querinjean (3000 Meter Steeple)
15. September um 14.55 Auer: Finall
Charel Grethen (1500 Meter)
14. September um 2.35 Auer: Virleef (Déi sechs Bescht aus all Virlaf kommen eng Ronn weider)
15. September um 14.30 Auer: Halleffinallen
17. September um 15.20 Auer: Finall
RTL-Artikel (12.92.25): Liichtathletik-WM zu Tokio: Lëtzebuerger Delegatioun mat Chancen op d’Halleffinallen
Déi komplett Resultater fannt Dir hei.