DammefuttballRacing bleift ongeschloen

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem Tabelleleader konnten och d'Verfollger Hesper, Mamer an Ell 3 Punkte sammelen. Déifferdeng mellt sech am Ofstigskampf zeréck.
© Archiv

De Weekend war am nationalen Dammechampionnat d’Reprise no der Wanterpaus. De Racing konnt do seng wäiss West behalen a gewënnt de Spëtzematch géint d’Entente Wuermer/Mënsbech/Gréiwemaacher 3:0. De Champion huet weiderhi siwe Punkte Virsprong op Hesper. D’Ekipp vum Holleschbierg konnt sech 3:0 zu Ell behaapten. Den Drëttplacéierte Mamer huet sech beim 4:1 zu Dikrech keng Bléisst ginn.

Am Tabellekeller koum et an zwee Matcher zu engem direkten Duell. Tëscht Déifferdeng a Rouspert huet sech den FCD 5:1 duerchgesat, am Match Jonglënster géint Beetebuerg huet sech nees d’Heemekipp 3:1 behaapt.

Back to Top
CIM LOGO