Conference-League-QualifikatiounRacing verléiert kloer doheem géint Cukaricki

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg den Owend krut de Racing et am Stade de Luxembourg mat FK Cukaricki aus Serbien ze dinn.

Racing verléiert géint Cubaricki / Reportage Gilles Tricca

An d’Fans, déi an den neie Stadion koumen, kruten an der éischter Hallschent eppes gebueden. Keng Ekipp huet sech verstoppt a si hu béid no vir gespillt. No 16 Minutten huet de Kovac d’Gäscht a Féierung bruecht ma just 4 Minutte méi spéit trëfft den Omrani fir den 1:1. Virun der Paus sollten d’Serben dann nach eng Kéier d’Nues vir hunn, datt no engem Gol vum Mijaliovic an der 35. Minutt.

Kuerz no der Paus huet de Kovac mat sengem zweete perséinleche Gol an dësem Match d’Missioun fir de Racing, doheem eppes matzehuelen, nach méi schwéier gemaach. Déi Stater sinn vun der 51. Minutt un engem 1:3-Réckstand nogelaf. Dëse gouf no 66 Minutten esouguer nach méi grouss, wéi de Lukic fir d’Serbe markéiere konnt. Esou bleift et bis zum Schluss beim 1:4 an de Racing muss um Réckmatch méi wéi just eng Schëpp dropleeën, wann een nach an déi nächste Ronn wëll kommen.

Racing verléiert kloer doheem géint Cukaricki
An der Conference-League-Qualifikatioun huet de Stater Veräin mat 1:4 verluer.

Back to Top
CIM LOGO