
Bei de French Open am Tennis zu Roland Garros huet de Rafael Nadal sech e Freideg als Éischte fir d’Finall qualifizéiert.
De Spuenier huet den éischte Saz am Tiebreak mat 7:6 (10:8) gewonnen. Am zweete stoung et 6:6 gläich. Deen Ament huet den Alexander Zverev sech blesséiert. Den Däitschen ass ëmgeknéckst a konnt net weider spillen.

Den Zverev, deen och d’lescht Joer d’Halleffinall zu Paräis erreecht hat, waart domadder weider op seng zweet Participatioun an enger Grand-Slam-Finall. Bis ewell war him dat just bei de US Open 2020 gelongen. De Rekordgewënner Nadal wëllt sech dogéint säi 14. Titel zu Roland Garros sécheren.
E Sonndeg an der Finall kritt den Nadal et mam Casper Ruud ze dinn. Den Norweger huet sech a 4 Sätz mat 3:6, 6:4, 6:2 a 6:2 géint de Kroat Marin Cilic duerchgesat. De Ruud ass deen éischten Norweger, deen et an eng Finall vun engem Grand Slam gepackt huet.

Wärend der zweeter Halleffinall war et zu engem Tëschefall komm. Eng Ëmwelt-Aktivistin hat sech wärend dem Match zu Paräis mat enger Ketten un d’Netz gehaangen. D’Partie hat dowéinst am drëtte Saz fir e puer Minutte missen ënnerbrach ginn.
