RTL-Ekipp op der PlazRafael Nadal hat Méi, mee steet an der zweeter Ronn bei den Olympesche Spiller

RTL Lëtzebuerg
A schonn do geet et fir de 14-fache Roland-Garros-Gewënner géint den Novak Djokovic.
Rafael Nadal hat Méi, mee steet an der zweeter Ronn bei den Olympesche Spiller
A schonn do geet et fir de 14-fache Roland-Garros-Gewënner géint den Novak Djokovic.

E Sonndeg am Nomëtteg huet de Spuenier um Philippe Chatrier mat 6:1, 4:6 a 6:4 géint de Marton Fucsovics aus Ungarn gewonnen. Bis ronn eng Stonn virum Match war dobäi emol nach net kloer, ob en untriede géif. E Samschdeg hat hie jo schonns mat sengem Landsmann Carlos Alcaraz am Dubbel gespillt a gewonnen.

Den Nadal huet gespillt, de Stadion war komplett gefëllt a mat de Spectateuren am Réck huet de Publikumslibling sech also fir déi nächst Ronn qualifizéiert. Do kënnt et elo zum absolutten Toppmatch tëscht dem Nadal an dem Novak Djokovic. Wéini genee dee Match gespillt gëtt, ass nach net gewosst.

Eng RTL-Ekipp war am Stadion dobäi an huet e puer Highlights an eng gutt Stëmmung agefaangen.

Back to Top
CIM LOGO