French OpenRafael Nadal mat 14. Victoire zu Paräis

RTL Lëtzebuerg
A senger éischter Finall huet de Casper Ruud säi Gléck probéiert, hat dem Nadal awer net vill entgéint ze setzen.
© AFP

De Rafael Nadal huet Roland Garros gewonnen a sech domat säin 22. Grand-Slam-Titel geséchert. Fir de Sandspezialist war et och déi 14. Victoire bei de French Open.

Déi zwee éischt Sätz ware ganz seréiert, goungen awer allebéid mat 6:3 un de Spuenier. Kee vu béide Spiller huet opginn a béid hunn ëm all Ball gekämpft. Am zweete Saz louch den Nadal mat 1:3 hannen, huet sech awer zeréckgekämpft an nach mat 6:3 gewonnen. Am drëtte Saz huet den Nadal kuerze Prozess gemaach a sech 6:0 duerchgesat.

De jonken Norweeger, fir deen et déi éischt Finall bei engem Grand-Slam-Turnéier war, huet probéiert matzehalen, konnt awer géint d’Erfarung vum Nadal näischt ausriichten.

Back to Top
CIM LOGO