2. däitsch BundesligaRayan Philippe wiesselt bei Eintracht Braunschweig

RTL Lëtzebuerg
No senger ganz staarker Saison an der Lëtzebuerger Nationaldivisioun zitt et de Philippe vun Hesper an déi 2. däitsch Bundesliga.
© Eintracht Braunschweig / Facebook

Den neie Veräin vum Rayan Philippe steet fest. Den 22 Joer ale Fransous wiesselt fir déi nächst Saison vum Swift Hesper bei Eintracht Braunschweig an d'2. Bundesliga an Däitschland, dat huet de Veräin offiziellt matgedeelt. Hien huet e Kontrakt bis den 30. Juni 2025 ënnerschriwwen.

Hie spillt fir d’Eintracht mat der Trikotnummer 9.

De Rayan Philippe war déi lescht Saison den Top-Scorer an der BGL Ligue.

Rezent hat “L’Equipe” op Twitter publizéiert, datt de Rayan Philippe an der Saison 22/23 mat 32 Goler a 26 Virlagen an 30 Championnatsmatcher deen decisiivste Spiller an Europa wier. De Spiller vum Swift Hesper huet sech virum Erling Haaland placéiert.

Back to Top
CIM LOGO