
An England, Frankräich, Spuenien an Italien waren direkt e puer Spëtzenekippen am Asaz.
Fulham - Manchester United 0:3
Ënnert dem Ole Gunnar Solskjaer weist Manchester United weider staark Prestatiounen a gewënnt mat 3:0 zu Fulham. Zwee Goler vum weider staark opspillenden Pogba (14.’, 65.’ (Eelefmeter)) an ee vum Martial hunn dës Victoire perfekt gemaach. An der Tabell stinn se elo viraussiichtlech op der 4. Plaz.
Liverpool - Bournemouth 3:0
Mat engem lockeren 3:0 huet Liverpool nees an d’Spuer fonnt a steet elo nees op der 1. Plaz. D’Goler hunn de Mané (24.’), Wijnaldum (34.’) a Salah (48.’) geschoss.
Huddersfield - Arsenal London 1:2
Mat 2:1 konnt Arsenal gewannen mee dëst Resultat kléngt méi knapps wéi et war. Schonn no den éischte 45 Minutten war Arsenal mat 2:0 duerch den Iwobi (16.’) a Lacazette (44.’) a Féierung. An der Nospillzäit konnt Huddersfield duerch en Eegegol vum Kolasinac op 1:2 verkierzen mee dee Gol koum ze spéit.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
PSG - Girondins Bordeaux 1:0
Mam knappste Resultat vun de Resultater gewënnt de PSG géint Bordeaux. An der 42. Minutt huet de Cavani mat engem Eelefmeter fir d’Endresultat gesuergt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Atletico Madrid - Real Madrid 1:3
Am Derby a gläichzäiteg och Spëtzematch a Spuenien konnt Real Madrid mat 3:1 géint Atletico Madrid gewannen. Nodeems de Casemiro d’Gäscht mat 1:0 a Féierung konnt bréngen, war et de franséische Superstar, Antoine Griezmann, deen Atletico mam 1:1 nees zeréck an de Match bruecht huet. De Sergio Ramos konnt mat engem Eelefmeter awer nach virun der Paus nees op 2:1 stellen. Fir d’Entscheedung huet dann de Bale an der 74. Minutt gesuergt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
AC Florenz - Neapel 0:0