
Déi Kinneklech konnten sech en Donneschdeg den Owend am Retourmatch vun der Véierelsfinalle mat 3-1 beim FC Girona duerchsetzen. Schonn am Allersmatch hat de Real Madrid mat 4-2 gewonnen.
Do virdrun haten sech schonn Betis Sevilla, den FC Valencia an den Titelverdeedeger FC Barcelona fir d’Halleffinall vun der Copa del Rey qualifizéiert.
An der 2. däitscher Bundesliga verléierten den 1. FC Köln en Donneschdeg den Owend 0-2 géint Union Berlin. Déi Kölner, wou an der Tabelle op déi zweet Plaz kommen, hunn domat 4 Punkte Retard op den HSV. Union Berlin steet duerch des Victoire elo op der drëtter Plaz vun der Tabelle, St Pauli op der 4.