
En Donneschdeg war d’Auslousung vum 3. Tour am Handball-Challenge-Cup. D’Red Boys kréien et mam tschechesche Vertrieder Nove Veseli ze dinn.
Den Allersmatch gëtt de Weekend vum 16. a 17. November auswäerts gespillt, de Weekend drop ass et dann de Retourmatch an der Sportshal zu Uewerkuer.