HandballRed Boys stelle sech fir d'Zukunft nach méi professionell op

RTL Lëtzebuerg
Den Dominique Gradoux gëtt neien Directeur Technique an Coordinateur vun der Jugend zu Déifferdeng.
© AFP

Am Handball stelle sech d’Red Boys fir d’Zukunft nach méi professionell op. Den Dominique Gradoux, laang Joren Directeur Technique vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun, gëtt elo neien Directeur Technique an Coordinateur vun der Jugend zu Déifferdeng.

Wat d’Transferten fir d’nächst Saison uginn, huet ee sech mat 3 auslännesche Spiller, 3 aus der eegener Jugend, an zwee jonke Spiller vun Esch respektiv vu Käerjeng verstäerkt.

PDF: Schreiwes Red Boys Déifferdeng

Back to Top
CIM LOGO