Handball Challenge CupRed Boys trëfft an den Aachtelsfinallen op Dukla Prag

RTL Lëtzebuerg
Um Siège vun der europäescher Handball-Federatioun goufen en Dënschdeg de Moien d'Aachtelsfinallen vum Challenge Cup geloust.
© Val Wagner

D’Red Boys spillen géint Dukla Prag aus der tschechescher Republik.
Am 3. Tour haten déi Déifferdenger de leschte Weekend scho mat Nove Veseli eng tschechesch Ekipp eliminéiert.


D’Partie si fir de Februar programméiert.

Back to Top
CIM LOGO