
Am Futtball huet d’Escher Jeunesse mam Reinhold Breu en neien Trainer a Generalkoordinator fonnt, wéi den Escher Club op de soziale Medien matdeelt. De 54 Joer alen Däitsche war vun 2011 bis 2021 techneschen Direkter vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun. No enger Statioun als Co-Trainer bei Austria Wien, war de Breu bis Ufank dës Joers ënnert anerem techneschen Direkter an 2022 fir en halleft Joer Interim-Nationaltrainer, a Litauen.
De Breu ersetzt als Trainer vun der éischter Ekipp den Arnaud Bordi, dee Mëtt dës Mounts matgedeelt huet, um Enn vun der Saison op der Grenz opzehalen.
D‘Jeunesse schreift an hirem Communiqué, datt de Reinhold Breu mat senger klorer Visioun fir moderne Futtball an der Fërderung vu jonke Spiller, déi ideal Besetzung fir d‘Zukunft vum Rekordchampion ass. Mat him géif een op Kompetenz, Struktur an Leidenschaft fir de Futtball am Geescht vun der schwaarz-wäisser Traditioun setzen.