
Um Dënschdeg Owend stoung d’Suite vun den Allersmatcher an den Aachtelsfinalle vun der Champions League um Programm.
Eindhoven war de ganze Match méi aktiv wéi Dortmund, huet um Enn awer just 1:1 gläich gespillt. Dortmund war an der éischter Hallschent 1:0 a Féierung gaangen. D’Hollänner hate vill Golchancen, hunn awer just den 1:1 no engem Eelefmeter markéiert.
Eng dominant Prestatioun gouf et vum Inter géint Atletico. Laang huet et no engem 0:0 ausgesinn well d’Italieener de Ball net erakruten. Den Arnautovic huet an der Schlussphas awer nach de wichtege Gol fir Inter geschoss, soudass de Match mat 1:0 op en Enn gaangen ass.
0:1 Malen (24'), 1:1 de Jong (56', Eelefmeter)
Am Philips-Stadion zu Eindhoven huet d’Heemekipp de Gäscht vun Ufank un de Ballbesëtz iwwerlooss a selwer op Kontere gelauert. D’Ekipp vum Peter Bosz huet an den éischte Minutte vu Ballverloschter vum BVB profitéiert a schnell ëmgeschalt, eng geféierlech Golchance sollt awer net eraussprangen.
Dortmund huet am Spill no vir ze séier de Ball verluer. An der 14. Minutt huet den Tillman dem Maatsen de Ball wechgeholl, konnt d’Aktioun awer net geféierlech op en Enn bréngen. Op der anerer Säit huet de Malen aus enger gudder Positioun ofgezunn, de Golkipp konnt awer paréieren. Den däitsche Vizechampion ass lues awer sécher besser an de Match komm an huet sech an der 24. Minutt belount. No engem Ugrëff iwwer lénks ass de Malen am Strofraum opgedaucht an huet mat engem schéine Schoss a mat Hëllef vun der Lat den 1:0 markéiert.
De PSV ass nom Réckstand méi aktiv ginn a konnt sech deelweis gutt Méiglechkeeten erausspillen. Fir d’éischt huet den Tillman no engem Fräistouss laanscht de Gol gekäppt, stoung awer am Abseits. An der 37. Minutt war dem Bakayoko säi Versuch aus kuerzer Distanz net präzis genuch. Et war bis dohin déi bescht Chance fir d’Hollänner. E puer Minutten drop huet de Meyer, deen de Kobel am Dortmunder Gol kuerzfristeg ersat huet, e Ball vum Saibiri misse paréieren. D’Gäscht stoungen ënner Drock, konnten d'1:0-Féierung awer an d’Paus retten.
Och nom Téi war de PSV méi staark a krut an der 54. Minutt en Eelefmeter zougesprach. Den Hummels hat den Tillman am Strofraum gefoult an den de Jong huet den 1:1 markéiert.
Nom Gol fir de PSV huet Dortmund probéiert d’Heft an d’Hand ze huelen a koum an der 59. Minutt duerch de Malen geféierlech virun de Gol. An der Suite hu béid Ekippen de Fouss vum Gas geholl an den Tempo war net méi sou héich. De Rhythmus war och duerch Wiessel op béide Säite fort an et goufe vill Feelpäss.
An de leschten 10 Minutten huet de PSV probéiert de Match komplett ze dréinen. De Meyer huet awer gutt paréiert an den Hummels stoung ëmmer nees richteg an huet déi eng oder aner Attack vun den Hollänner ofgewiert. Um Enn hu sech béid Ekippe mat engem 1:1 missen zefridde ginn.
1:0 Arnautovic (79')
Zu Mailand gouf et virum Match eng Gedenkminutt fir de verstuerwenen Andreas Brehme, deen 1989 mat Inter Meeschter gouf an 1991 den Uefa Cup gewonnen hat.
Um sportleche Plang ass an den éischten 10 Minutten net vill geschitt a béid Ekippen hu sech ofgetaascht. D’Spuenier stounge wéi gewinnt kompakt an der Ofwier an hunn der Heemekipp d’Spill iwwerlooss. Et waren awer d’Gäscht déi an der 12. Minutt fir d’éischt geféierlech no vir koumen. De Samuel Lino huet awer knapp laanscht de Gol geschoss. An der Suite ass laang näischt geschitt. An der 38. Minutt ass de Martinez no enger schéiner Kombinatioun fräigespillt ginn, huet de Ball aus ronn 16 Meter awer net richteg getraff. D’Säite si no enger 1. Hallschent ouni vill Héichpunkte mat engem 0:0 gewiesselt ginn.
Inter huet nom Säitewiessel den Drock erhéicht a sech duerch den Arnautovic zwou grouss Chancen erausgespillt. Atletico war am Spill no vir ze harmlos. Op der anerer Säit hunn d’Italieener den éischte Gol verpasst. Op en Neits war et den Arnautovic deen aus kuerzer Distanz iwwer de Gol geschoss huet. Inter huet eng Attack no der anerer lancéiert, de Ball sollt awer net an de Filet goen. An der 79. Minutt war et du souwäit. Nodeems de Martinez nach um Golkipp hänke bliwwen ass, huet den Arnautovic seng 4. Chance genotzt an den 1:0 markéiert. An der Schlussphas sollt näischt méi passéieren an Inter huet de Match verdéngt mat 1:0 fir sech entscheet.
All d’Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.