Nordesch KombinatiounRiiber béit falsch of a verpasst esou d'Goldmedail

RTL Lëtzebuerg
Wann ee Pech huet, kënnt och nach Ongléck dobäi. Esou ongeféier kann een dem Jarl Magnus Riiber säin Optrëtt bei den olympesche Wanterspiller beschreiwen.
© AFP

Um Donneschdeg war den éischten Dag, datt de norwegesche Spezialist fir déi nordesch Kombinatioun iwwerhaapt aus der Isolatioun dierft an esou konnt hien un der Course, fir déi hien a China gereest ass, deelhuelen. Ouni Virbereedung ass hien also ugetrueden a laang huet et ausgesinn, wéi wann dëst hien net géif stéieren.

Hien hat eng comfortabel Féierung op seng Konkurrenten erausgefuer, ganzer 44 Sekonnen Avance hat hien op d’Plaz 2. Ma dunn ass alles schif gaangen. No der éischter vu véier Ronnen ass de 24 Joer ale Sportler amplaz a Richtung vun der 2. Ronn a Richtung Zil gefuer. Wéi him dat opgefall ass, konnt hien net méi no lénks erausfueren, mä huet missten ëmdréinen. Domadder war säi Virsprong, deen hien nom Sprangen hat, fort gewiescht. Donieft huet dës Aktioun vill Kraaft kascht, esou datt de Magnussen nach op déi 8. Plaz zeréckgefall war.

Seng Leeschtung suergt awer och fir Diskussioun ëm Olympia. Ass et esou eng gutt Iddi e Sportler, deen an Isolatioun oder Quarantän war, quasi direkt dono op en ustrengende Circuit bei extreme Bedingungen, et war ronn -20 Grad Celsius, ze schécken?

Back to Top
CIM LOGO