
Den Däitschen, dee schonns tëscht 2019 an 2020 beim Progrès Nidderkuer op der Trainerbänk souz, iwwerhëlt domat bis d’Enn vun der Saison d’Successioun vum Carlos Fangueiro. Dat huet de Veräin vum Holleschbierg en Dënschdeg den Owend an engem Schreiwes offiziell matgedeelt.
E Méindeg hat d’Jeunesse confirméiert, datt den Arnaud Bordi, nom Interim, elo de Poste vum Cheftrainer op der Grenz iwwerhëlt. Hei hat de Marc Thomé jo d’lescht Woch misse goen. E Sonndeg spillt de Swift am Kader vum 13. Spilldag an der ieweschter Divisioun doheem géint déi Schwaarz-Wäiss vun Esch.