
Um Camping konnt Rouspert sech no engem fréie Gol verdéngt mat 1:0 géint d’Jeunesse behaapten.
D’Lokalekipp ass besser an de Match komm a konnt no engem Corner schonn an der 6. Minutt a Féierung goen, well de Steinbach goldrichteg stoung. Och an der Suite hat virun allem d’Defense vun der Jeunesse Problemer fir an de Match ze fannen, ma Rouspert huet awer Chancen op den 2:0 leie gelooss. Nach virun der Paus hat de Mogni dunn déi grouss Chance op den Ausgläich, ma den Defenseur Steinbach konnt seng béid Versich ofwieren, nodeems de Rousperter Golkipp schonn aus dem Spill war.
D’Lokalekipp ass no der Paus besser aus de Kabinne komm an huet op den zweete Gol gedréckt. Ma eng ëm déi aner Kéier war et de Sommer am Escher Gol, deen d’Entscheedung verhënnere konnt. Eng richteg Schlussoffensiv vun der Jeunesse gouf et net, soudass d’Victoria no der Wanterpaus mat 3 verdéngte Punkte ufänkt an op Plaz 8 spréngt. D’Jeunesse bleift iwwerdeems mat 14 Punkten op der 15. Plaz an domat am Tabellekeller.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Victoria Rouspert - Jeunesse Esch 1:0
1:0 Steinbach (6')