De 25. an 29. Oktober spillt d’Ekipp vum Dan Santos géint Schweden, d‘Nummer 5 an der FIFA-Weltranglëscht. Grouss Iwwerraschungen am Kader goufen et keng. Nei mat dobäi sinn ënner anerem d’Barbara Serra an d’Emma Thill.
Den Allersmatch tëscht Lëtzebuerg a Schweden kënnt Dir live op RTL suivéieren.
Gespillt ginn zwou Halleffinalle mat Aller- a Retourmatch. De Gewënner kritt et an der Finall mat Bosnien-Herzegowina oder Serbien ze dinn.
Am Fall vun enger Victoire an der Finall wier d’FLF-Selektioun d’nächst Joer bei der EM an der Schwäiz mat dobäi. Lass geet et de 25. Oktober mat der Partie um Escher Gaalgebierg. 4 Deeg drop spillt d’Ekipp vum Dan Santos dann zu Göteborg.
