
Déi ganz Äiskonschtlaf-Welt huet déi lescht Deeg op d’Kamila Valieva gekuckt. Trotz engem positiven Doppingtest huet déi 15 Joer jonk Russin en Dënschdeg an en Donneschdeg an der Eenzelkompetitioun bei de Wanterspiller dierfen op d’Äis goen.
Am Kuerzprogramm konnt si dem Drock nach standhalen an huet hire Programm souverän op d’Äis bruecht. D’Europameeschterin ass als Éischt an d’Kür gaangen - ënnert de Kläng vu Bolero wollt si sech nom Succès mam Team hir zweet Goldmedail zu Peking sécheren.
Ma d’Valieva konnt en Donneschdeg dem Drock net standhalen, huet vill Feeler gewisen, ass e puer Mol gefall an ass um Enn op déi 4. Plaz zeréckgefall.
Olympiagewënnerin ass d’Weltmeeschterin Anna Schtscherbakowa virun hirer Landsfra Alexandra Trussow ginn. Bronze ass un d’Japanerin Kaori Sakamoto gaangen.