
Si ass no 2 Stonnen, 9 Minutten a 57 Sekonnen duerch d’Zil gelaf. Domat huet si de Rekord, deen d’ Tigist Assefa aus Ethiopien viru ronn engem Joer zu Berlin gelaf ass, ëm bal zwou Minutten ënnerbueden. D’Ruth Chepngetich gewënnt domat fir déi 3. Kéier de Marathon zu Chicago.
Bei de Männer ass de Kenianer John Korir déi séierst Zäit gelaf, dat an 2:02:43 Stonnen.
De Marathon an der US-Groussstad ass fir säi séiere Parcours bekannt. 2024 ass op der nämmlechter Streck de Kelvin Kimptum Weltrekord bei de Männer gelaf, dat an enger Zäit vun 2:00:35 Stonnen. De Kiptum ass am Februar dëst Joer bei engem Autosaccident ëm d Liewe komm a konnt deemno säin Titel zu Chicago net verdeedegen.