
Bischofshofen ass agespronge fir Innsbruck, wou en Dënschdeg wéinst de Wiederkonditiounen net konnt gespronge ginn.
Op déi éischt Plaz koum de Ryoyu Kobayashi mat Spréng op 137 an 137,5 Meter. Déi zweet Plaz huet sech den Norweger Marius Lindvik geséchert mat 137,5 an 135,5 Meter. Den Norweger Halvor Egner Granerud gouf e Mëttwoch Drëtte mat de Spréng 135,5 an 135,5 Meter.
En Donneschdeg ass déi leschte Kompetitioun nees zu Bischofshofen.