
De Ryoyu Kobayashi huet sech mat Spréng op 143 an 135,5 Meter géint de Markus Eisenbichler a Lovro Kos behaapt. Den Däitschen (141 Meter/143,5 Meter) ass op déi zweet Plaz komm an de Slowen (135,5 Meter/138 Meter) huet sech déi lescht Podiumsplaz geséchert.
Scho fir den Optakt vun der Véierschanzentournée am Schisprange gouf et eng Victoire fir de Ryoyu Kobayashi. Dat nächst Sprangen ass vum 3. op de 4. Januar zu Innsbruck. Am General bleift de Kobayashi souverän virop.