
E Freideg gëtt hien aus dem italieenesche Sondalo an den neuro-chirurgeschen Departement vun der Médipole-Klinik zu Lyon transferéiert. Säi Gesondheetszoustand wier “stabil”, heescht et vu sengem Ekippen-Dokter Stéphane Bulle.
Bei senger Chute wärend dem Ofschlosstraining fir d’Descente beim Schi-Alpin-Weltcup am italieenesche Bormio hat sech de Vizeweltmeeschter vu leschtem Joer ënner anerem eng Gehierbluddung zougezunn. Wéini hien nees op d’Pist kann, ass den Ament nach net gewosst.