
D’FLA, déi Lëtzebuerger-Liichtathletik-Federatioun, huet dofir decidéiert d’Indoor-Meetingen, déi an den nächste Wochen an der Coque sollte sinn, ofzesoen. Fir d’Presidentin vun der FLA, Stephanie Empain, war dat eng schwéier awer richteg Decisioun.
Wa mir d’Zuelen aktuell kucken, kënne mir eis als Federatioun net ganz aus der Verantwortung zeréckzéien. Mir waren eis och eens, datt mir net alles mussen ausreizen, wat dat aktuellt Gesetz hier gëtt. Eist d’Zil ass et, fir eisen Athleten de bescht méigleche Kader ze ginn a grad och fir déi ganz Kleng, déi awer ee groussen Deel vun eisen Lizenzéierten ausmaachen an déi an dëser Pandemie schonns vill hu mussen astiechen. Fir si ass et wichteg, net hir Kompetitioun ewech ze huelen an hir Motivatioun bäizebehalen. Anerersäits Indoor-Kompetitioune mat 250 Kanner, déi zu engem groussen Deel och net geimpft sinn, do kritt een dann awer ee komescht Gefill.
D’Stephanie Empain huet och nach gesot, datt et am Comité Directeur vun der FLA verschidde Meenunge goufen, fir d’Indoor-Meetingen elo net ze organiséieren.
08.01. Regionale Meeting 09.01. an 23.01. Challenge Tageblatt
15.01. Iwwerregional Meeting