
De franséischen Inneminister Gerald Damarin deelt mat, datt een domat op eng “Menace” vum Islamesche Staat reagéiert. Déi dschihadistesch Grupp huet alleguer d’Matcher um Dënschdeg an um Mëttwoch menacéiert.
Zu Paräis gëtt e Mëttwoch d’Partie tëscht Paris St. Germain an dem FC Barcelona gespillt an zu London trëfft den FC Arsenal op Bayern München. An der spuenescher Haaptstad ass en Dënschdegowend de Match tëscht Real Madrid géint Manchester City an deen Dag duerno spillt Borussia Dortmund géint Atletico.
Ofsoe vun de Matcher bräicht een der UEFA no awer net ze fäerten. Et wier ee sech “de presuméierten terroristesche Menacë géint d’Matcher bewosst” a stéing “an enkem Kontakt mat den Autoritéiten” an de jeeweilege Stied, heescht et an engem Schreiwes vun der Futtballfederatioun. “All d’Matcher wäerte wéi geplangt gespillt ginn, mat entspriechende Sécherheetsmesuren.”
Zu Paräis wäert, wéi den Inneminister Damarin annoncéiert huet, awer och op anere Plaze fir méi Sécherheet gesuergt ginn. “Jo, et wäert e besonnesche Schutz fir dës Véierelsfinall ginn, mä nee, et wäert net déi eenzeg Plaz sinn, well d’Terroriste kënnen eis och eng Rei vu Coupë versetzen, wou ee se net erwaart.” Och den Trainer vu PSG, de Luis Enrique, huet sech “besuergt” gewisen, wéi hie bei enger Pressekonferenz virum Match op d’Situatioun ugeschwat gouf. “Ech hoffen, datt mir dat ënner Kontroll hunn, datt et nëmme Menacë sinn an näischt geschéie wäert.”
D’Fransouse sollen, sou den Darmanin, awer net a Panik verfalen. “Mir hunn ënnert anerem eng Matdeelung vum Islamesche Staat gesinn, déi besonnesch d’Stadie viséiert, si ass net nei. (...) Et muss ee wierklech en 360°-A hunn an dierf net op d’Kommunikatioun vum Feind erafalen, déi eis dozou brénge géing, iergendwou Forcen ze konzentréieren an de Rescht ze vernoléissegen. Et ass kloer, datt mir, wann et ëm wichteg Momenter wéi d’Champions League geet, Gespréicher féieren”, sot de Gérald Darmanin.
Och a Spuenien wieren all d’Fréiwarn-, Sécherheets- a Reaktiounsmechanismen aktivéiert ginn. Zu London schafft d’Metropolitan Police “zesumme mam Sécherheetsteam vum Club, fir ze garantéieren, datt de Match friddlech zu Enn goe kann”, heescht et vum Vize-Kommissär Ade Adelekan.