Schifluch-WeltmeeschterschaftSlowenien dominéiert Schifléien zu Vikersund

RTL Lëtzebuerg
Däitschland ka sech um drëtten Dag steigeren a lant op Plaz 2, virun Norwegen, Éisträich a Polen.
© AFP Archiv

Bei der Schifluch-Weltmeeschterschaft zu Vikersund an Norwegen séchert sech Slowenien mat grousser Avance Gold. Scho virum Sprange war dës Plaz quasi verginn. Dohannert konnt sech dat däitsch Quartett virun Norwegen déi zweet Plaz sécheren. Éisträich a Polen komplettéieren d’Top5.

An der Natiounewäertung huet sech Éisträich d’Féierung net méi huele gelooss, och wann Däitschland mat der zweeter Plaz um Sonndeg nach eng Kéier geféierlech no komm ass. Déi drëtt Plaz fir dëse Wanter geet un Norwegen viru Slowenien.

Back to Top
CIM LOGO