Europa LeagueSpartak Moskau schockt Neapel, Lokomotiv Moskau verléiert géint Lazio

RTL Lëtzebuerg
Weider konnt sech Bayer Leverkusen zu Glasgow géint Celtic duerchsetzen an Real Sociedad a Monaco trenne sech 1:1.
© Alberto PIZZOLI / AFP

Schonn um 18 Auer gouf et en éischte Spëtzematch, dat mat Real Sociedad géint den AS Monaco. Schonn no 16 Minutte konnten d’Gäscht duerch de Disasi a Féierung goen, ma konnten dëse gudde Start net weider notzen. Kuerz nom Säitewiessel huet de Merino fir Real getraff an op 1:1 gestallt, woubäi et bis zum Schluss och sollt bleiwen.

Eng Iwwerraschung gouf et dogéint zu Neapel. D’Italiener waren direkt an der éischter Minutt duerch de Elmas a Féierung gaangen, ma no enger hallwer Stonn hate si e Mann manner um Terrain, well de Rui huet missten Dusche goen, well hien dem Géigner de Fouss gestallt hat. Spartak Moskau huet dovunner profitéiert an duerch zwee Goler vum Promes an ee vum Ignatov op 3:1 gesat. No 82 Minutte kruten dunn och d’Russen e Spiller vum Terrain gesat, esou datt et 10 géint 10 weidergoung. Den Osimhen huet Neapel nach an der 94. Minutt erubruecht, konnt dunn déi 2:3-Defaite awer net méi verhënneren.

Um 21 Auer hat Celtic GlasgowBayer Leverkusen op Besuch. Leverkusen ass als Favorit a Schottland gereest an huet dëst och kloer gemaach. No Goler vu Hincapié a Wirtz goung et scho mat engem 2:0-Avantage an d’Paus. No bal enger Stonn huet Leverkusen dann och nach en Eelefmeter no engem Foul vum Carter-Vickers kritt, deen den Alario ouni Problemer verwandele konnt. Bis dohinner war et e statistesch gesinn ausgeglachene Match, ma Leverkusen huet einfach méi aus hire Chance gemaach. Weider ass am Match bis zur Nospillzäit net méi vill geschitt. Hei hunn d’Gäscht nach duerch den Adli op 4:0 erhéicht an esou eng kloer Victoire mat Heem geholl.

Am zweeten Italien-Russland-Duell vum Owend waren et nees d’Italiener, déi fréi a Féierung goungen. Zu Roum war et de Basic, deen d’Lazio no 13. Minutten an Avantage bruecht huet, no 38. Minutten huet de Patric esouguer op 2:0 erhéicht. Mat deem Réckstand goung et fir Lokomotiv Moskau dunn an d’Paus. Nom Säitewiessel sollten awer keng Goler méi falen, esou datt Lazio Roum sech déi dräi Punkte séchere kann.

Hei fannt Dir all d’Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO