
Eng Manifestatioun vun der besonnescher Zort gëtt et wuel den iwwernächste Mëttwoch an der Stad: et sinn d’Familljen, d’Supporter, déi Responsabel an d’Spiller vum Stater Racing, déi op d’Strooss ginn. Gerechent gëtt mat enge 450 Leit, sou ass d’Demo emol bei der Stater Gemeng ugefrot. D’Demande läit RTL vir. Protestéiert gëtt géint den extrem schlechten Zoustand vun de Futtballterrainen a Sportsinfrastrukture vum Fusiounsveräin.
An engem Gespréich mam Quotidien seet d’President Karin Reuter, datt ee sech vun der Stater Gemeng net eescht geholl gesäit mat sengen Doleancen: wa bis d’nächst Woch keng Reaktioun vun der Stater Gemeng géif virleien, géif si de Club zoumaachen.
Wéinst dem desolaten Zoustand vun den Terraine wier d’Gefor vu Blessuren akut, och d’Gebailechkeeten, de Sanitärberäich an d’Vestiairë wiere komplett erofkomm. D’Stater Gemeng wier net drun interesséiert, Alternativen ze proposéieren, wéi zum Beispill, datt um Terrain an der Millebaach kéint gespillt ginn, esou d’Kritik.
D’Presidentin Karine Reuter adresséiert sech och an engem interne Bréif un all Spiller a Supporter a schwätzt vun enger inexistenter Reaktioun vun der Stater Gemeng par rapport zum desastréisen Zoustand vun den Terrainen. Dëst Schreiwes, wat RTL och virläit, schwätzt vun onspillbarem Wues.
Och d’FLF hätt no enger Inspektioun de leschte Mount “katastrophal Zoustänn” rapportéiert. Deemno wier d’Decisioun geholl ginn, d’komplett Trainingen op allen Terrainen ofzesoen, bis d’Situatioun géif changéieren.
D’Maniff vum 28. Februar féiert d’Futtballer vum Terrain vum Bouneweger Racing bis op de Knuedler virun d’Stater Märei. Eng éischt Protestaktioun ass ewell den nächste Mëttwoch owes um Site vum Stade Hammerel.
