
De Manuel Cáceres, besser bekannt als Manolo, ass am Alter vu 76 Joer zu Valencia gestuerwen.
Virdru louch de Super-Fan e puer Deeg mat Otemproblemer an der Klinik, wéi spuenesch Medien en Donneschdeg matgedeelt hunn. Zanter 1982 hat hie seng grousst Léif, d’spuenesch Nationalekipp, zu zéng Weltmeeschterschafte begleet.
“Ee vun eisen treiste Supporter, deen eis ëmmer duerch déck an dënn begleet huet, ass verstuerwen”, huet d’Ekipp matgedeelt. “Mir wëssen, dass du eis Häerze weider méi héich schloe loosse wäers. Rou a Fridden, Manolo.”
Säi leschte Match war e Spektakel: De 5:4 vum Retourmatch vun der Véierelsfinall an der Nations League géint Holland den 23. Mäerz am Mestalla-Stadion zu Valencia.
Schonn 1972 hat de Manolo ugefaangen, Trommel ze spillen, deemools nach fir den UD Huesca. 1979 war hien déi éischt Kéier mat der Nationalekipp ënnerwee, vun 1982 bis 2010 huet hie kee Lännerspill verpasst. No der WM 2026 wollt hien eigentlech an d’Pensioun goen.
Säi Markenzeechen nieft der Trommel war en iwwerdimensionale Berri, deen hien och am Mestalla un hat. Géigeniwwer der Arena hat hien e Café (“El Bombo” mat engem Shop. De Manolo als Fan war selwer eng Mark, déi Briqueten, Schaler a souguer Wäi verkaaft huet.