
Bei der Dammen-Handball-WM a Japan heescht d’Finall e Sonndeg um 12.30 Auer eiser Zäit Spuenien géint Holland. D’Spuenierinne konnte sech relativ däitlech mat 28:22 géint d’Norwegerinne behaapten. Méi knapp goung et an der Halleffinall tëscht Russland an Holland hier.
Um Enn konnte sech d’Hollännerinne knapp 33:22 duerchsetzen.