
An der Spëtzepartie an der 2. Bundesliga hu sech d’Hanseate mat 3-2 géint den 1. FC Union Berlin duerchgesat. De Millerntor-Stadion zu Hamburg war op en neits mat iwwer 29.000 Spectateuren komplett ausverkaaft. An der Tabell huet St. Pauli elo mat 37 Punkten 3 Punkte Réckstand op den HSV.
An der englescher Premier League spillt den Tabelleleader FC Liverpool e Méindeg den Owend bei West Ham United nëmmen 1-1 gläich. An der Tabell huet den Titelverdeedeger Manchester City elo nach just 3 Punkte Retard op d’Ekipp vum Jürgen Klopp.

An der Coupe de France ginn um Dënschdeg d’Aachtelsfinalle gespillt. Den FC Metz mam Lëtzebuerger Nationalspiller Laurent Jans huet vun 18.30 Auer un Orléans op Besuch.
