Schlecht Sport-InfrastrukturenStater Racing a Gemeng hunn Accord fonnt

RTL Lëtzebuerg
D'Responsabel vum Futtball-Club Racing Union Lëtzebuerg beschwéiere sech iwwer schlecht Sport-Infrastrukturen.
© https://www.racing-union.lu/archives-77874v4/news/47112 by Racing Photo par Joao Silva designer

Zanter der Reprise am nationale Futtball dréckt beim Stater Racing net nëmmen op sportleche Plang de Schong, mä och nieft dem Terrain. Virun e puer Deeg hat d’Presidentin vum Stater Racing Karine Reuter sech ëffentlech iwwert d’Mëssstänn vun den Infrastrukture vum Fusiounsveräin beschwéiert. Do soll een awer e Méindeg eng Léisung fonnt hunn.

Affär Racing vs Stad Lëtzebuerg / Reportage Sam Rickal

Mam Stade Achille Hammerel, dem syntheeteschen Terrain zu Hollerech an dem Site Camille Polfer zu Bouneweg huet de Racing dräi verschidde Standpunkten an der Stad. De Verluerekascht wier ofgesi vum klenge syntheeteschen Terrain direkt hannert dem Stadion an der Rei. Déi aner Sitte wieren awer dem Karine Reuter no an engem desolaten Zoustand, wat d’Vestiairen an den Terrain ugeet. Et misst sech eppes änneren, soss géingen et Konsequenze ginn, esou Karine Reuter e Sonndeg virum Match géint Diddeleng.

“Ech maachen de Club zou, wann ech gesot kréien: ‘Dir sidd responsabel, wann Dir Är Spiller op deenen Terraine spille loosst’. Wat fir eng Léisung hu mir dann? Da ginn eis Spiller eben net méi op déi Terrainen.” Betraff wieren dann haaptsächlech d’Spiller vun der Jugend-Akademie. "[...] an da musse mir kucken, fir eis zwou éischt Ekippen, Dammen an Hären, ob mir do iergendeppes fannen, soss setze mir och déi en Repos.”

E Méindeg hat d’Presidentin vum Stater Racing eng Entrevue mat der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, wat de Veräin schonn am Virfeld an engem Communiqué annoncéiert hat.. Et ass ee sech a ville Punkten eens ginn. No den Aarbechten am Summer d’lescht Joer soll ënner anerem den Terrain Camille Polfer op en Neits frësch gemaach ginn.

“Datt déi Installatiounen net méi déi neist sinn, dat wësse mir. Dat ass wouer fir de Racing, mee och fir aner Futtball-Clibb aus der Stad Lëtzebuerg. Wat mir vun eiser Säit och ganz kloer un de Club erugedroen hunn, ass, datt deen och responsabel ass fir de gudden Entretien, dat heescht och botzen. Ech mengen do kann een Effort gemaach ginn. Mir hu festgehalen, datt de Service sech eng Kéier mat hinnen zesummesetzt, fir datt dat an Zukunft besser leeft.”

De Stater Racing huet zesummen mam Red Star Merl-Berlair déi meeschten Ekippen an der Stad, dat mat 27 Ekippe fir jiddereen. D’Lydie Polfer huet zouginn, datt et op verschiddene Plazen zu Enkpäss koum. Et misst een elo kucken, ob et nach weider Disponibilitéite géing ginn. Esou déi Stater Buergermeeschtesch weider.

Mëssstänn beim Racing
De Stater Veräin ass aktuell däitlech onzefridde mat den Terrainen, op deene si spillen.

Back to Top
CIM LOGO