BGL LigueStater Racing huet de Mëttelfeldspiller Jérome Simon rekrutéiert
RTL Lëtzebuerg
Aus dem Futtball ass et d'Nouvelle, dass sech de Stater Racing nach emol fir d'Réckronn verstäerkt.
Update: 05.12.2025 12:50
Nom Goalkeeper Sory Camara gouf den offensive Mëttelfeldspiller Jérome Simon rekrutéiert. Dee 25 Joer ale Fransous huet di lescht 6 Méint an der 2. griichescher Divisioun gespillt. Do virdru war hien ënnert anerem zu Molenbeek an zu Virton am Asaz.