
Den traditionelle Saisonsoptakt zu Sölden stoung dëst Joer ganz am Zeeche vum Retour vum Éisträicher Marcel Hirscher, deen no 2051 Deeg nees eng Schi-Course gefuer ass. Hie koum um Enn op déi 23. Plaz.
E weidere Comeback huet de Lucas Pinheiro Braathen gefeiert. De 24-Järege hat virun engem Joer wéinst engem Sträit mam norweegesche Verband zeréckgezunn a geet elo ënner brasilianeschem Fändel un den Depart. Hie gouf de Véierten.
Gewonne gouf de Riseslalom vum Alexander Steen Olsen. Den Norweeger konnt viru 17.000 Zuschauer seng Landsmänner Henrik Kristoffersen (+ 0,65 Sekonnen) an Alte Lie McGrath (+ 0,66) hannert sech loossen. Domat war de Podium komplett an norweegescher Hand.
Den Toppfavoritt Marco Odermatt aus der Schwäiz war no engem Stuerz am éischten Duerchgang fréi aus der Course.