
Sparta - Gréngewald 57:81
Fir d’Sparta hat de Match guer net gutt ugefaangen a si séier a Réckstand geroden. Schonn nom éischte Véierel haten se e Réckstand vun 11 Punkten ze verzeechnen (14:25). Am zweete Véierel huet d’Sparta dunn däitlech besser verdeedegt an hunn net méi sou vill Punkten vum Gréngewald zougelooss a konnten de Réckstand a Grenzen halen.
No der Paus sinn déi Bartrenger nach eng kéier bis op 8 Punkten erukomm mee dono huet de Gréngewald nees e Gang eropgeschalt a konnt de Virsprong nees däitlech ausbauen sou dat d’Sparta eigentlech ni eng Chance an dësem Match hat. Eng ganz staark Leeschtung hat d’Anne Simon vum Gréngewald mat 23 Punkten, 13 Rebounds an 9 Assists gewisen.

FOTOGALERIE: Andréck vum Match Sparta - Gréngewald (Dammen) vum Maya a Robert Straus.
Sparta - Amicale Steesel 83:94
De Match tëscht der Sparta a Steesel war an der éischter Halschent eng ganz serréiert Partie an et huet keen engem eppes geschenkt. D’Sparta huet immens gutt vun der 3er-Linn getraff a konnten esou ëmmer mat der Amicale mathalen déi vun der 3er-Linn net immens effektiv waren. Et konnt sech keng Ekipp zu kengem Zäitpunkt ofsetzen sou datt et fir d’Spectateuren en immens spannende Match war. An der Paus louch d’Sparta mat 46:44 a Féierung.

FOTOGALERIE: Andréck vum Match Sparta - Amicale vum Maya a Robert Straus.No der Paus huet d’Sparta dann awer Buedem verluer an d’Amicale konnt sech eng däitlech Avance vu bis zu 10 Punkten eraus spillen. Mee d’Sparta wollt sech awer weiderhin net einfach esou geschloe ginn a koumen nees erun sou dat se am Ufank vum leschte Véierel just nees e Réckstand vu 4 Punkten haten. Mee Steesel konnt nees den Tempo unzéien sou dat se am Schluss vum 4. a leschte Véierel d’Victoire kloer maache konnten.

FOTOGALERIE: Andréck vum Match Sparta - Amicale vum Ant Deister.

FOTOGALERIE: Andréck vum Match Sparta - Gréngewald (Dammen) vum Ant Deister.